95 Käerzen um Kuch vun der Madamm Pulcini-Detaille Anna

Madamm Anna Pulcini-Detaille huet den 15ten Abrëll 2023 an der Seniorie St. Joseph zu Péiteng hir 95 Joer geféiert.

Sie huet 2 Meedercher an ass frou mat Planzen.

An hirer Fräizäit huet Sie ëmmer gär gebitzt an gestréckt.

Geféiert gouf an der Seniorie wou d’Madamm Annie Elsen an d’Madamm Maggy Becker vun der Amicale hir beschte Gléckwënsch ausgeschwat hunn.

D’Gratulatiounen vun der Gemeng Péiteng huet den Här Romain Mertzig an den Här Jean-Marie Halsdorf iwwerbruecht.

Zesummen mat der Famill ass ugestouss ginn.