95 Käerzen um Kuch vun der Madame Schmitz-Mayer Berthe

D‘Madame Berthe Schmitz-Mayer huet den 20ten August 2023 an der Seniorie St Joseph zu Péiteng hir 95 Joer gefeiert.

An hirer Fräizäit huet Sie ëmmer gär gekacht, gebotzt, am Gaart geschafft, geliest an och Kreuzworträtselen gemaach.

Gefeiert gouf an der Seniorie wou Präsidentin Eugénie Derume vun der Amicale wei och de Direkter Laurent Origer vun der Seniorie hir beschte Gléckwënsch ausgeschwat hunn.

D’Gratulatioune vun der Gemeng Péiteng huet den 3ten Echevin Guy Brecht a den 4ten Echevin Maria Agostino iwwerbruecht.

Zesumme mat der Famill ass ugestouss ginn.