100 Käerzen um Kuch vun der Madamm Vrebos-Gilsoul Arlette

Madamm Arlette Vrebos-Gilsoul huet den 2ten August 2023 an der Seniorie St. Joseph zu Péiteng hir 100 Joer geféiert.

An hirer Fräizäit huet Sie ëmmer gär Kaarten gespillt, geliest an ass gär gereest.

Geféiert gouf an der Seniorie wou den Familjenminister Max Hahn deen bei ëis op Visite war, eist d’Préposé à la direction d’Madamm Séverine Toffoli wei och d’Präsidentin Eugénie Derume vun der Amicale hir beschte Gléckwënsch ausgeschwat hunn.

D’Gratulatiounen vun der Gemeng Péiteng huet de Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf, 1. Echevin Romain Mertzig, 2. Echevin André Martins Dias, an 3. Echevin Guy Brecht iwwerbruecht.

Zesummen mat der Famill ass ugestouss ginn.