100 Käerzen um Kuch vun der Madame Haupert-Weis Léonie

D‘Madame Léonie Haupert-Weis huet den 19ten August 2023 an der Seniorie St Joseph zu Péiteng hir 100 Joer gefeiert.

An hirer Fräizäit huet Sie ëmmer gär gebitzt an och gestreckt, Sie ass och ganz gär spadséiere gaangen a gereest.

Gefeiert gouf an der Seniorie wou Präsidentin Eugénie Derume vun der Amicale, de Direkter Laurent Origer vun der Seniorie wei an och de Familljeminister Max Hahn hir beschte Gléckwënsch ausgeschwat hunn.

D’Gratulatioune vun der Gemeng Péiteng huet den 3ten Echevin Guy Brecht a 4ten Echevin Maria Agostino iwwerbruecht.

Zesumme mat der Famill ass ugestouss ginn.