Konveniat vun de Joergäng 1940 bis 1950 vun Ospern


Osper: Wéi schon zënter e puer Joer, hu sech de lëschte Samsdeg am September, 15 fréier Schülerinnen- a Schüler aus der Primärschoul vun Osper fir hiren, scho bal traditionellen Konveniat, getraff. D’Maisy Unsen- Mehlen, d’Lucie Schneider- Hengen an d’Andrée Glesener- Leytem hun hir Frënn géint Mëtteg am Restaurant „Mazzo“ am Préizerdaul, erwaart. No dem Apéritif an no enger klenger Begréissung gouf och an enger Gedenkminut un déi verstuerwe Schoulkomerodinnen- a Komeroden geduecht, awer och un déijéinig, déi e bëssen mat der Gesondheet geploot sin oder och verhënnert waren fir bei desem Treff können derbéi ze sinn. Bei engem gudde Menü sinn dunn vill schéin Erënnerungen an Neiigkeeten ausgetosch gin. D’Stëmmung war ganz gut, et gouf vill gelaacht an d’Stonnen sinn wéi am Nu verflunn. Um Ënn vun desem Treffen, gouf den Datum vum nächsten Treff vum läschte Samsden am September vum Joer 2025 elo schon festgeluecht. (Foto: Charles Reiser)