Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall

„Gebräicher an Traditiounen“


D'Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall hunn am Hierscht zu dësem Thema op Éiter an de Centre Culturel agelueden. Op deene 5 Deeg vun der Ausstellung hunn d'NaGIS sech kënnen iwwert de Besuch vun enger Partie intresséierte Frënn freeën.
Op dem Éiter Kiermessonndeg, gouf zum Thema "Traditiounen", sou ewéi dat fréier de Fall war, op e néis den traditionelle Brauch opliewe gelooss: d'Ham mat dem Kiermeskuch gouf zerwéiert.
Mir wëllen op dëser Platz all deenen déi zum gudde Gelénge vun eiser Ausstellung bäigedroen hunn, an all de Léit déi kucke koumen, en décken MERCI soen. Et ass eng Freed fir d'Geschichtsfrënn, wa mir ëmmer nees intresséiert Leit kënne fir déi vergaangen Traditioune begeeschteren.
D'NaGIS wëllen och an Zukunft dem Bierger déi lokal Geschicht méi no bréngen.