Gaart an Heem Uewerkäerjeng: flott Kräiderwanderung mat Kach- a Schmaachatelier

Uewerkäerjeng. Ugangs Juni huet de „Gaart an Heem Uewerkäerjeng“ nees op eng geféiert Kraiderwanderung agelueden. Parrainéiert gouf des vun der CTF-Ligue an huet och erëm vill Uklang fonnt : jonk an nach méi jonk Memberen hunn de beléifte Rendez-vous wouergeholl - all hat een leider net unhuele kënnen, aus pragmatesche Grënn.

Vu Ree schwätzt ee jo bekanntlech eréischt dann, wann de Liwwerdéngscht mat dem Schlauchboot kennt. Haut allerdéngs ass dëst Thema vum Dësch, d’Sonn schéngt iwwer Bierg an Dall. Ass dat net wonnerbar? Am Numm vum Veräin heescht de Christophe Kieffer all Mënsch ganz häerzlech wëllkomm a schmunzelt scho bei senger Introduktioun: „Péitruss muss e GaartanHeemler sinn …“. Zefridde gëtt hien kuerz drop d’Wuert un d’Kräiderädagogin Christiane Hoffmann weider.

An hirer Aleedung mécht dës ee waarmen Appell, sech responsabel a mat deem néidege Respekt un de Sujet „Wellkräider“ erunzetaaschten. Dobäi vermëttelt si charmant, wéi sech dëst ganz ouni gréisseren Opwand ëmsetze léisst. Um Wee zu enger ongedüngtener a naturbeloossener Wiss - dës hat ee lokale Bauer dem Veräin extra fir des Aktivitéit zur Verfügung gestallt. Här Reuter, een décke Merci fir dëse frëndleche Geste - geet et fléissend vun der Theorie an d’Praxis iwwer.

Am Nu pickt dee wëssbegierege Grupp zielstrebeg just dat eraus, wat fir dësen Dag gebraucht gëtt – net méi. Giersch stellt beispillsweis eng interessant Alternativ zu Spinat duer, d‘Stengele vum Wiesenbärenklau schmaachen no Spargel, mat Knoblauchrauke léisst sech excellent wierzen, Bléien vum Spitzwegerich loossen sech broden ewéi Champignon’en, Kléi mécht sech tipptopp an enger Zalot, an, an, an, …. Zefridde geet et kuerz drop mat der Recolte zeréck - a Richtung „Centre Polyvalent“. Hei ginn déi agesammelt Kraider dann zesummen an engem ganz liewege Kach- a Schmaachatelier zu leckere Plat’e verschafft, woubäi engem d’Waasser dann am Mond zesummeleeft. An et confirméiert sech alt erëm: et geet dach awer näischt iwwer gutt Noperen. Dem Veräin säi Schäffche fält aus an de frëndleche Restaurateur vu vis-à-vis spréngt op Anhieb an. Wou geet een dat nach sichen ? Ma op Uewerkäerjeng.

Zesumme ginn dann all déi gutt Mäifel opgedëscht a gemeinsam verdillegt. D‘Brout ass iwwregens selwer gemaach an och dat schmaacht einfach wonnerbar. De Gesiichter no ze urteele war dëst erëm een herrlechen Dag.

Wien elo nach Froen sollt hunn oder eventuell an Zukunft dem Veräin respektiv am Comité eng Hand upake wëll, kann sech gären un de Christophe Kieffer, Sekretär vum "Gaart an Heem Uewerkäerjeng asbl", wennen - ze erreechen ënner (+352) 661 / 271 070 (no 19h00) oder c.kieffer@aikq.de