1monthfree

D'Wonnen vun der Ardennenoffensiv: Geschichten a Fotoen aus der Stauséigemeng

Virun 80 Joer, de 16. Dezember 1944, huet d‘Wehrmacht vun der Eifel erfort hir lescht grouss Offensiv - d’Ardennenoffensiv, la Bataille des Ardennes oder The Battle Of The Bulge - gestart.


Well an dëser Géigend nit méi vill amerikanesch Zaldote waren (d‘Alliéiert hu gemengt, d’Nazie géingen nit iwwer d‘Ardennen ugräifen), war déi haiteg Stauséigemeng erëm séier vun den däitschen Truppe besat. Et huet bis Hellegowend 1944 gedauert, bis de Generol Patton mat senger 3. Arméi an der Stauséigemeng ukomm ass. Bekannt ass natierlech déi mäerderesch Schluecht an de Bëscher vum Schumannseck. Mee och bal all éislécker Dierfer goufen haart getraff. Noutem gouf réischt den 30. Dezember 1944 liberéiert. Dëst ënnert immense Verloschter vun amerikaneschen an däitschen Zaldoten. Ewer och d’Zivilbevëlkerung huet drënner misse leiden. Et muss een sech virstellen, datt deemools d'Loft voller Eise war: fir d’éischt hunn d’Amerikaner déi däitsch Zaldoten aus Noutem eraus gebommbt. A wéi d'Amerikaner bis hei waren, ass Noutem vum Schumannseck erfort permanent vun den däitschen Truppen ënner Beschoss geholl ginn.


Fir deem ze gedenke gouf den 13. Dezember 2024 de Gedenkpad „Noutem 44/45“ mat 5 Informatiounspanneauen a Präsenz vum Här Minister Eric Thill ageweit. Op all Panneau fënnt een Informatiounen op Däitsch, Franséisch an Englesch. QR-Coden op de Panneauen si mat Videoe vun Zäitzeie verlinkt a vermëttelen interaktiv, wéi et deemools war.


Et war eis eng besonnesch Freed den Här Andy King zu der Erëffnung vun der Ausstellung mat dem Titel „80 Joer Ardennenoffensiv um Territoire vun der Stauséigemeng“ konnten ze begréissen. Säi Papp, de William Francis King, huet tëscht dem 20. Dezember 1944 an dem 23. Januar 1945 an der Ardennenschluecht bei dem „101st Artillerie Regiment“ vun der 26. Infanteriedivisioun gekämpft a wor ënner anerem zu Kauneref stationéiert. D’Ausstellung war an „Néckels“ hirer Scheier, déi, sou wéi och den Haff, am Dezember 1944 komplett zerstéiert gi war. Aus historescher Siicht hunn des Maueren e flotte Kader fir d’Ausstellung gebuet.


Nobäi 300 Leit an och Schüler aus dem Cycle 4 vun der Regionalschoul Harel hunn d’Ausstellung tëscht dem 14. an 29. Dezember 2024 besicht. Unhand vu Fotoen an Zäitzeieberichter konnten si sech informéieren, wat fir e Leed den Duerfleit aus der Stauséigemeng geschitt war a wat fir eng Zerstéierung d’Ardennenoffensiv mat sech bruecht huet. E sonnert Kapitel huet sech mat de Victimes des mines an der Rekonstruktioun beschäftegt. Do dernieft konnt sech de Visiteur un enger nogestallter Zeen virstellen, wéi et war, wochelaang am Keller op de Gromperen ze leie wärend dobaussen d’Granaten ageschloe sinn. Iessgeschier, Kleedung, Kaarten a villes méi vun den Zaldoten, Nebelwerfer-Granatsplitter, zwou Willys Jeepen an een Dodge-Truck konnt e kucken a hunn d’Ausstellung komplettéiert.


De Gedenkpad gouf mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Ministère de l’Economie op Initiativ vun de Geschichtsfrënn Öewersauer an Zesummenaarbecht mat der Stauséigemeng an dem Naturpark Öewersauer realiséiert.


D’Ausstellung an de Gedenkpad weisen déi immens Follgen vum Krich: Zerstéierung, Leed an Doud. Si sollen eis an zukünfteg Generatiounen drun erënneren, wéi wichteg Fridden a Mënschlechkeet sinn. Loosst eis d'Léieren aus der Vergaangenheet notzen, fir eng besser Zukunft ze gestalten!


De 25. Abrëll 2025 fënnt eng guidéiert Wanderung zu Noutem zu de 5 historesche Panneauen „Nothum 44/45“ statt. Umelle kann en sech um Site vum Naturpark Öewersauer: www.naturpark-sure.lu


D'Ausstellung kann een sech och virtuell um follgende Link ukucken.


Alain Weiler, Geschichtsfrënn Öewersauer