1. Konveniat vun de fréieren Matarbichter vun der Firma Wolff- Weyland


Närden: Fir Samsden, den 12. Oktober hat den Guy Arend, den Arthur Loor an de Jean- Paul Ruppert di fréier Matarbichter vun der Firma Wolff- Weyland op hiren 1. Konveniat invitéiert. No der feierlicher Gedenkmass an der Kierch vu Närden , zelebréiert vum Pater Jean- Jacques Flammang, war den Empfank vun den Gäscht an den Gebäilichkeeten vun der Firma Wolff- Weyland zu Närden. No der Begréissung duerch den René Diederich mat senger Famill huet hien di fréier Matarbichter duerch den modernen Betriib geleet an huet uschléissend beim Apéritif anhand vun enger interessanter Power- Point Projektioun, d’Entwëcklung vun der Grënnung vun der Firma Wolff- Weyland virun 125 Joer bis haut mat hiren ronn 80 Matarbichter am Detail virgestallt. Och all den, Matarbichter déi an all denen Joeren trei zur Firma stongen an och wesentlich zum Erfolleg beigedroen hun, huet de René Diederich a sengem Numm an och am Numm vun senger Famill häerzlich Merci gesoot. Dese Konveniat ass besonnesch erviergehuewen gin , duerch d’Presenz vun der fréieren Chefin Marie- Thérèse Diederich- Wolff, déi mat schéinen Blummen an engem groussen Applaus ganz jovial empfange gin ass. Bei engem gudde Menü am Restaurant „Um Wier“ zu Useldeng huet desen 1. Konveniat bei frouem Zesummesin säin würdigen Ofschloss fond.(CR)( Fotoen : Charles Reiser)