D’Hexemeeschter vun Nacher maachen een Don un d’Lëtzebuerger Air Rescue

D’Hexemeeschter, d’Theaterequipe vun Nacher sicht wei all Joer, fir een Don, deen aus hiren Theater’Owender resultéiert, fir ee gudden Zweck ze spenden. Wei mir wësse gouf d’Air Rescue dëst Joer, de 26. Mäerz, vun engem schreckleche Feier getraff, wat ee Schued an enormem Ausmooss hannerlooss huet.


Duerfir haten d’Hexemeeschter d’Freed a d’Éier den 22. November der Air Rescue, vertrueden duerch d’Madame Pia Schwalbach, ee Scheck iwwert 1.500 € z’iwwerreechen. Dëst am Kader vun enger Visite guidée, ënnert der kompetenter Leedung vum Pia Schwalbach, woubäi si wousst, déi ganz Equipe mat hiren interessanten Erklärungen ze begeeschteren, déi hirersäits et och nitt verpasst hunn der Air Rescue ee grousse Respekt auszespriechen.


Zum Ofschloss kruten d’Hexemeeschter nach vill Succès, fir hiert Stéck « Residenz Bing-Go », déi kommend Theater’Owender den 10., 11., 12., 17. a 18. Januar 2025zu Nacher am Sall, um 20 :00 Auer (Sonndes um 18 :00Auer) gewënscht.


fir d’Hexemeeschter

Béatrice Reis