No 50 Joer geheien d’Lénger Trapper d‘Bengele bei Tromm

Elo kierzlech hunn d’Membere vun de Lénger Trapper sech an der Sportshal zu Lénger getraff, dat leider mat der Gewëssheet dat et vir déi leschte Kéier wier. Gegrënnt gouf dee Veräin den 11. Abrëll 1974 an huet schonn am selwechte Joer d’Coupe vun der FLMP op der Montanwanderung zu Brotdorf an Däitschland iwwerreecht kritt. Den éischte Marsch ass op de Weieren zu Lénger organiséiert ginn, wou deemools schonn 800 Wanderer deelgeholl hunn. Am Laf vun deene 50 Joer goufe ronn 80 Wanderungen organiséiert, wou reegelméisseg tëschent 500 an 1255 Wanderer konnten empfaangen a bekäschtegt ginn. Dat maache plus minus 60.000 Wanderer, déi zu Lénger an Ëmgéigend 700.000 km getrëppelt sinn. De Veräin huet an deene 50 Joer selbstverständlech u praktesch alle Wanderungen hei am Land wéi och am noen Ausland deelgeholl. No verschiddene Startplazen am Ufank ass dann endlech de fuschneie Centre Polyvalent zu Lénger als definitive Sall fonnt ginn, leider nëmme bis 2019. Dunn ass dat Gebai zou gemaach gi fir ofgerappt ze ginn, sou dass kee Sall méi zur Verfügung stoung. Duerno koum et dann zu engem Waasserschued am Depot vum Veräin, wou d’ganzt Material vu Frittendëppen iwwert Zelter bis Eisekuchseisen esou beschiedegt ginn ass, dass guer näischt méi ze gebrauche war. Alles vir op dem Dreckstipp. Leider huet weder eng Assurance nach d’Gemeng sech concernéiert gefillt fir vir de Schued opzekommen, soudass de Veräi bei Null stoung. De 14. Juni dëst Joer ass an enger Versammlung decidéiert gi vir de Veräin no 50 Joer opzeléisen. De Rescht an der Keess gëtt op Propositioun vum Comité hin op zwou Organisatiounen opgedeelt, an zwar jee 5.000 Euro fir d’Roud Kräiz Sektioun Bascharage wéi och den Déierenasyl zu Diddeleng.