1monthfree

Gala Concert vun der Harmonie Municipale Bascharage

22
Mär
22 Mär

D'Harmonie Municipale Bascharage hëllt Iech dëst Joer am Kader vun hirem Gala Concert mat op eng Rees duerch d'20. Joerhonnert an dat den 22. Mäerz um 20:00 Auer am Käerjenger Treff zu Bascharage.

D'Rees geet lass an der Hindenburg fir dono der Bridderband am 2. Weltkrich bei hirem Kampf zur Säit ze stoen.

D'Enn vun deem historeschen Aschnëtt gëtt mam Stéck "Eventide" vum Jacob de Haan mat enger gedroener Melodie ënnermoolt.

Dono fléie mer mat den Astronauten an der Apollo 11 op de Mount, landen dann rem op der Äerd a lauschterem dem Elvis mat engem Concertsmedley no.

Den zweeten Deel eröffnet eng jazzesch Melodie a léist eis rem op de Mount fléien. Dono besiche mer zu Liverpool d'Beatles an lauschteren enger Zesummesetzung vun hiren bekannteste Stécker no.

En Hauch vum Zesummebroch vun der UDSSR läit dann mam Stéck "Glasnost" an der Luucht. Fir rem bessi zu Otem ze kommen no där wëller 60er an 70er Zäit, leeë mer mat der gemächlecher Melodie vum Stéck "Hymn of Hope" vum Georges Sadeler eng kleng Paus an.

Fir d'Joerhonnert ofzeschléissen, widme mer eis engem Medley vun Boy Bands a mam Madonna sinn dann och 80er Joeren vun der Rees duerch 20. Joerhonnert ofgedeckt.


Sou eng Reess mécht natierlech hongereg an duuschtereg, mee dir sidd bei der Harmonie Municipale Bascharage gutt versuergt.

Fir dass Dir déi Rees mat bestreiden kënnt, gëllt et en Fluchticket an der Oweskeess fir 12€ ze kafen.