Nee, blo maache war kéng Optioun, fir den traditionelle Showconcert vu Concordia-The Voices, alias (Schoul-)Class of 2024!
Ënnert der Leedung vum Sarah Wolter huet de Popchouer säi Programm dëst Joer ënnert de Motto ‚ABC of Music’ gestallt. Bal selbstverständlech dat de Programm dofir mam Jackson’s Hit ‘ABC’ ugefaangen huet. Buschtawe waren dann och d’Leitlinn duerch de Programm vum Owend, wou da bei bal all Buschtaf e passend Lidd gesonge gouf.
Wéi et geschellt huet war d’Schoulklass vollzähleg, a voller Motivatioun fir de Publikum am ausverkaafte Loisi zu Nidderaanwen mat hirem dynameschen a variéierte Programm ze verzauberen. Bal e Joer hunn se geüübt a geprouft fir den 30. November hiert Bescht viru groussem Publikum ze ginn. An dat hunn se! De Publikum war begeeschtert an huet mam Applaus net gespuert.
23 Lidder stoungen um Programm, zesummegestallt aus de Virschléi vun de Chouermembren. Ganz vill Aarbecht war domat verbonne fir Partituren ze beschafen oder selwer ze arrangéieren an all Woch ze prouwen. Vun Balladen iwwer Pop, Jazz, Disco, Funk a Rock war fir all Goût eppes dobäi.
Musekalesch begleet waren se vum Jörg Vock a Band, mat där Concordia-The Voices elo schonn zënter Jore mat vill Freed a Succès zesummen optrëtt.