Nuit du Sport Nidderaanwen

De Samschden, 8. Juni, stoung de Sport an der Gemeng Nidderaanwen am Fokus. Am ganze 544 Persounen, dorënner 369 Kanner an 175 Erwuessener, hunn de Wee op d'Nuit du Sport zu Nidderaanwen fonnt, fir sech an engem flotte Kader ze amuséieren an all méiglech Sportaarten auszeprobéieren. E grousse Merci u jiddereen, deen un dësem flotten Event mat bedeelegt war, un eis Invitéeë vun der FLF Dammenekipp an dem Viki Gómez fir hire Besuch, sou wéi un eis Veräiner fir hiren Asaz.