Treffe vun de Pensionäre vu Voyages Emile Weber

Egal ob d'Wuermer-Streck mam Gelenkbus, fir d'Luxavia op de Flughafen oder mam Doppeldecker op Bochum an de Musical, si waren ëmmer op der Rull an iwwerall an der Welt doheem. De Bus steet awer elo schonn eng Zäit am Schapp an d'Krawatt hänkt um berüümten Nol, mee d'Geschichten iwwer déi gutt al Zäiten, sinn nach laang net vergiess a ginn, esou wéi Traditioun et wëll, um Treffe vun de Pensionäre gären nees erzielt. Éier awer op der Keelebunn, nieft enger Hameschmier oder engem Päerdsbifdeck, geraibert an d'Kullange vun der Bunn gebotzt goufen, gouf mat enger Gedenkminutt un de Fernand Weber, den Hary René an un den Ernesto da Costa Almeida geduecht, déi leider net méi dobäi konnte sinn... Si prägen d'Geschichte vu fréier weider a sinn net vergiess! Rout a Fridden.