Jim Ronk: Firwat wëll ech an der Gemengepolitik hei zu Schëtter matschaffen ?

Moien alleguer.

Ech sinn de RONK Jim (Jean-Marie), 61 Joer, si pensionéierte Polizist a Papp vun 4 wonnerbare Bouwen.

Meng berufflech Statioune waren:

Brigade Colmar-Berg, Brigade Dudelange, section de recherches Esch/Alzette, commissaire Police Judiciaire (section stupéfiants), chef „Groupe d’Observation Unités Spéciales“, Chef „Groupe Négociateurs Unités Spéciales“, chef „Bureau Opérations Unités Spéciales“.

Firwat wëll ech an der Gemengepolitik hei zu Schëtter matschaffen ?

Ech well mech fir eng korrekt, éierlech an nohalteg Politik hei an eiser schéiner Gemeng asetzen, an dofir hunn ech mech, ewéi ech vun de Kollegen vun der DP gefrot gouf, och direkt bereet erkläert mat an d’Wahlen ze goen.
DP wëll zesumme mat de Bierger vun der Gemeng eng besser Politik maachen, well de Moment leeft hei ënner der Regie vun der LSAP-CSV-Majoritéit esou munches schief.

Wat leeft schief zum Beispill ?

Nationalfeierdag hunn d’Bierger vun der Gemeng Schëtter beim Centre zesumme gefeiert, verdëngschtvoll Matbierger kruten hir Medaillen an den Här Buergermeeschter huet seng Ried gehal.
An dëser Ried huet den Här Buergermeeschter dann och dorop higewisen, dass d’Gemeng manner Revenuen hätt.
Abee, dat ass kee Wonner, wann een als Buergermeeschter mat potentiellen Investisseuren aus der „Zone d’Activité Syrdall“ (vun do kommen nämlech eis gréissten Einnahmen) den 27.04.2011, um 1600 Auer ee feste rendez-vous am Scheffenrot mëcht an dann ass de Buergermeeschter net do. Z’erreechen war de Buergermeeschter och net an dat schlëmst, bis haut ass nach keng Entschëllegung bei dëse Leit agetraff.
Och een anere Rendez-Vous mat engem Investisseur vun enger grousser bayrescher Autosmark ass an d’Box gaang.
D’Verhältnis zwëschen der Gemeng an de Betriber aus der Zone d’Activité ass schlecht an esouguer esou schlecht datt verschidde Betriber (z.B. Baumeister) iwwerleeën op si net solle plënneren.

Esou kann et net viru goen.

Di aner Gemengen laachen sech jo an d’Fauscht a profitéieren vun esou Dabozegkeeten.
Mat de Betriber aus der Gemeng muss een als responsabele Politiker regelméissege Kontakt hunn, nolauschteren wou d’Problemer sinn an da versichen zesummen no gudde Léisungen ze sichen. Nëmmen esou kommen mer virun a bréngen nei Betriber an domat och nei Finanzen an eis Gemeng, an dofir setzen ech an och DP-Schëtter sech an.