Millebaach (Stad Lëtzebuerg)
D'Millebaach ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Norde vun der Haaptstad.
Geographie
De Quartier grenzt am Norden un d'Gemeng Koplescht (e ganzt klengt Stéck um Biergerkräiz) an d'Gemeng Walfer an dann, am Sënn vun der Auer, d'Quartiere Beggen, Eech, Lampertsbierg a Rollengergronn/Belair-Nord.
D'Millebaach huet eng Fläch vu 311,13 ha a läit op enger Héicht tëscht 249,3 an 371,2 m.
Ursprong vum Numm
De Quartier huet den Numm vun der Millebaach déi zanter dem Enn vun den 1950er Joren ënnerierdesch vun de Siwebueren a Richtung Oste fléisst, fir hannert der Eecher Plaz an d'Uelzecht ze lafen.
De Flouernumm Millebaach huet sech uganks just op d'Terraine bezunn déi direkt um Waasser louchen. Hautdesdaags gehéieren awer och déi aner
wéi Geldegrëff, Siwemuergen, Baumühleschberg a Pabeierbierg zur Millebaach.
Geschicht
D'Millebaach huet fréier zur Gemeng Eech gehéiert a gouf den 1. Juli 1849 (Gesetz vum 8. Mee 1849[1]) en Deel vun der Gemeng Rollengergronn, déi duerno, den 1. Juni 1920 (Gesetz vum 26. Mäerz 1920[2]) mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert huet.
De gudde Buedem am Dall vun der Millebaach huet d'Fiakriusbridder ugelackelt déi sech do néiergelooss hunn. Virum Zweete Weltkrich bestoungen an der Millebaach nach 23 Gäertner, hautdesdaags ass just nach ee Betrib iwwreg bliwwen. Absënns vun den Aarbechter aus der Faïencerie kruten d'Gäertner de Spottnumm Wuerzel– oder Muerteschwänz[3].
De Patréiner vun der Millebaacher Kierch ass den hellege Fiakrius, de Schutzpatréiner vun de Gäertner.
Nieft de Gäertner gouf d'Millebaach haaptsächlech duerch d'Faiencerie gepräägt, déi 1766 vun de Bridder Jean-François, Dominique a Pierre-Joseph Boch op de Siwebuere gegrënnt gi war.
Nodeems d'Pompelstatioun bei der Eecher Paart am Pafendall net méi genuch Waasser geliwwert huet, ass an den 1930er Joren an der Millebaach en neit Waasserwierk gebaut ginn un dat déi staark Quelle vun de Siwebueren an de Glasbueren ugeschloss goufen[4]. Aner Quellegebidder am Quartier sinn de Kazebuer an de Ludisbuer an de Siwemuergen. Flouernimm wéi Geldegrëff, Siwemuergen, Baumühleschberg a Pabeierbierg zur Millebaach.
Millebaach (Stad Lëtzebuerg)
-wikipedia-