Den 20.März haat Chorall Steebrécken-Biergem op hier 72st Generalversammlung agelueden. Am gut geföllten Hubertussall huet Presidentin Marianne Kirpach Gäscht begreisst an as op Wichtegkeet vun de Kierchekeier an op hier Zukunft agangen.
Uschleissend gouf mat enger Gedenkminutt un all Verstuerwen vum Verain geduecht.
Carine Dengler konnt eng gesond Kees firweisen an de Keesebericht gouf vun de Keeserevisoren approuvéiert.
Et waar zimlech vill lass am Joer 2024 , daat as aus dem groussen Tätegkeetsbericht vun der Sekretärin Claudette Zeimes erfirgangen.All Berichter goufen vun der Versammlung ugeholl.
De Fernand Schumann as als neie Member an de Comité opgeholl gin an duerno krutt de Comité se Décharge.
Vun der Dirigentin , Claudette ZEIMES, gouf et vill Luef a Mercien fir d’Organistin, fir den Archivar, Frënn an Sympathisanten an natiirlech fir all Sänger. Och fir 2025 as de Programm schon erem gut geföllt mat Massen , Concerten an aaner Festiviteiten.
3 Sänger goufen vum Här Patrick Jemming vum Piusverband mat Médaillen ausgezeechent . Et waren dat den Här Théo Bormann mat der Médaille en argent (20 Joer), den Här Marcel Faltz mat der Médaille en or avec palmette (40 Joer) an den Här Fernand Schumann mam Diplom vum Bëschof (60Joer) , deen hien Enn des Joers iwerreecht kritt .A senger Ried huet den Här Jemming die gut an frëndschaftlech Zesummenarbescht ënnerstrach.
Den Här Paschtouer Ricardo Monteiro huet dei onermiddlech Asätz vun der Chorall gelueft an hier dofir e grousse Merci gesoot .
Vill Luef gouf et och vum President vum CGP , dem Här John Wantz , dëen Wichtegkeet vun der Chorall am
Kierchliewen ënnerstrach huet .
Vum Här Buergermeeschter Jeannot Fürpass gouf et eng grouss Unerkennung fir dei vill Präsenz bei de Manifestatiounen vun der Gemeng an hien wënscht dem Kouer vill Erfolleg fir Zukunft .
Den Owend gouf dann gemittlech bei engem Patt an engem gudde Mäuffel ofgeschloss .