Grousse Succès fir den Tennis Club Mäertert-Waasserbëlleg beim 38.Museltournoi deen elo schons am 3te Joer als Tournoi vun der Masters Series gespillt gouf.
4 Spiller vum TC Mäertert-Waasserbëlleg waren an de Finallen vun hiren Catégorien.
A Präsenz vum Buergermeeschter, engem Vertrieder vun der Tennis Federatioun a vun Comités Memberen vum TC Gréiwemaacher an TC Mäertert-Waasserbëlleg kruten Sie schéi Coupen vun der Presidentin Danielle Hilger iwerreecht.
Alleguer d'Vainqueuren an d'Finalisten waren mat de Supporter op d'Präisiwerreechung invitéiert a ganz vill Leit waren um Finalldag an duerno bei der Éierung dobäi.
Den Éierewäin gouf vun der Gemeng Mäertert offréiert a fir de klengen Honger haat de <Bocuse> vum TCMW Marc Biondi mat senger Ékipp eppes leckeres préparéiert.
V.l.n.r.: Silvio Pilone: Vainqueur Seniors Cat.3.1, Sascha Görres: Vainqueur Seniors Cat.4.1, Franz Glauben: Finaliste +55, Jakob Drangmeister: Vainqueur Seniors Cat.5.1