Invitatioun op den 1. Info-Owend vun der Energiekooperativ Kanton Gréiwemaacher:
Dir wëllt virun ärer Dir an erneierbar Energie investéieren?
D’Energiekooperativ Kanton Gréiwemaacher start e Biergerprojet fir erneierbar Energie
mat enger Photovoltaik-Anlag um Daach vun engem ëffentleche Gebai.
Dir sidd interesséiert matzemaachen?
Als Member vun der Energiekooperativ :
- ënnerstëtzt Dir den Ausbau vu lokaler, ëmweltfrëndlecher Energieproduktioun,
- leescht Dir ee Bäitrag zum Klimaschutz,
- hëlleft Dir eiser Regioun an eisem Land, energeetesch méi onofhängeg ze ginn,
- schaaft Dir eng ekologesch an ekonomesch Plus-value,
- investéiert Dir an d’Zukunft a
- participéiert Dir um finanzielle Resultat vun der Kooperativ.
Gitt Member, schonn ab enger Participatioun vun 100 € !
Fir weider Informatiounen oder fir de Souscriptiouns-Bulletin, consultéiert eisen Internet-Site www.ekkg.lu