Scheckiwwerreechung Second Hand Maart zu Biereng huet 50.000 Euro erabruecht

Miersch. Eng Rekord Zomm vun 50.000 Euro, déi den Erléis vum Second Hand Verkaaf, Ugangs Mäerz an der Hal Irbicht zu Biereng duerstellt, konnten "d'Aktiv Frae Miersch" viru kuerzem spenden. 6.000 Euro goungen un d'Aktioun "Eng Spillplaz fir een Häerz fir kriibskrank Kanner, 5.000 Euro un "Hope Village Europe", 5.000 Euro un "Kiwanis Gelle Fra" , 5.000 Euro un "ASA asbl", 5.000 Euro un d'Vereenegung "Pimpampel", 3,500 Euro un "d'Initiativ Liewensufank, 5.000 Euro un Vereenegung "Ninos de la Tierra", 1.000 Euro un "Eng nei Schaff", 4.000 Euro un "d'Oeuvres Paroissiales Miersch", 500 Euro un Jugend vun der Spillerequipe 5 X Biereng, 250 Euro fir Schoulkanner vum C3.1 vu Lorentzweiler, 2.250 Euro un d'Organisatioun "Hope 4 Paws", 3.500 Euro fir "Air Rescue" a 4.000 Euro fir "Apotheker ohne Grenzen". Nodeems d'Presidentin deene villen bénévolen Damen an Hären Merci gesoot huet, déi duerch hir vill Hellef zum Erfolleg bäigedroen hun, ass den Owend mat engem Merci Iessen gemiitlech ausklenge gelooss gin. S.H. (Foto: Charel Reiser) Aktiv Frae Miersch