Aus der Generalversammlung vun der Société de Chant CAECILIA Merl-Belair
Viru kuerzem war d’Generalversammlung vun der Société de Chant CAECILIA Merl-Belair zu där de President Guy Greivelding all Membren a Vetrieder vun deenen anere Choralen aus de Chorales réunies Luxembourg begréisst huet. Hien huet awer och missen eng ganz Parti Leit entschëllegen, esou déi zwee Membre vum Comité John Stammet an Danielle Schumacher, de Jos. Altmann, President vun de Chorales réunies Luxembourg, den Här Paschtouer Michel Majerus, an den Eirecaisse-Kontroller Lucien Bové.
Dono huet hie gefrot während enger Minutt un all déi ze denken, déi eis d’lescht Joer verlooss hunn an dobei besonnesch un den Eugène Schumacher geduecht, ee Pilier vun der d’Caecilia, dee vu Jonktem un an eisem Veräin aktiv war, als Sänger an als Member vum Comité wou hie joerelang Vize-President war.
Et war dunn de Merci un eng ganz Rei vu Leit, ugefaang mat der Dirigentin, dem Josée Faltz-Wilmes, fir hiert Engagement an déi vill Aarbecht fir datt dee grousse Programm mat Succès konnt réaliséiert ginn. Merci och all de Membre vun deenen anere Veräiner, déi bei deene villen Aktivitéite present waren. Hiert Engagement weist, datt mir mat de Chorales réunies op deem richtege Wee sinn, fir datt och an d’Zoukonft ee Männerchouer hei an der Stad kann aktiv sinn. Ee Merci goung och un all d’Pianisten, déi eis an der leschter Saison begleet hunn, un d’Archivare Lambert Houwen a Prosper Mehlen an un d’Gemeng fir de Proufsall a fir de Subsid, dee mir all Joer kréien.
Amplaz vum kranke Sekretär John Stammet, huet de Gusty Biren de Rapport vun der leschter Generalversammung presentéiert, an de Prosper Mehlen den Aktivitéitsrapport vun 2014. Aus dësem konnte mir héieren, datt 2014 de Chouer eng 24 Aktivitéiten hat. Fir dës ze préparéiren, hat de Comité 3 Réunioune plus 4 Réunioune vum Comité inter-chorales.
De Caissier Pierre Wilmes konnt a sengem Rapport eng gesond Finanzsituatioun presentéiren, dëst trotz engem liichten Defizit.
Nom Rapport vun der Caisse-Kontrollesch Gaby Schmitz-Hammerel, goufen esouwuel de Rapport iwwert d’Aktivitéite wéi och dee vun der Caisse eestëmmeg vun der Versammlung ugeholl.
Nodeems d’Häre Gusty Biren, Guy Greivelding a Pierre Wilmes als Membre vum Comité confirméiert goufen, huet d’Versammlung de René Bleser, d’Maisy Schommer-Gaudneck an d’Gaby Schmitz-Hammerel als Caisse-Kontroller erëmgewielt.
Eestëmmeg gouf d’Propositioun vum Comité fir d’Cotisatioun fir 2016 vun 8 op 10 Euro ze héichen, ugeholl.
Ënnert Divers huet de President d’Versammlung informéiert, datt am Juni 2016 eng Excursioun op Tallinn an Estland um Programm ass, wou ee Kongress vun der « Fédération Internationale des Sociétés Artistiques et Intellectuelles de Cheminots » kuerz FISAIC genannt, ass a wou Choralen aus allen europäische Länner Concerte ginn. Dann huet hien och drun erënnert, datt de 25. Abrëll 2015 am Centre Sociétaire niewent der Märler Schoul e Concert mat Lidder aus Operetten an Operen ass.
Dirigentin d’José Faltz-Wilmes huet de Sänger Merci gesot fir dee groussen Asaz. Am Joer 2014 kruten d’Chorales réunies Luxembourg vill Sänger bei, ënneranerem well och de Männerchouer 1989 décidéiert huet matzemaachen. De Lëtzebuerger Concert mam Pierre Puth am Cercle huet erëm gewissen, datt déi Zesummenaarbecht sech lount well et net méi méiglech ass, esou ee Concert eleng ze sangen. Dëse Concert soll elo och am Hierscht zu Steesel gesonge ginn. (PW)