Menster Konveniat vun de Joergäng 1933-1960

Flotte Konveniat,

Den 12. Oktober 2024 haten sech, op Invitatioun vum Gritty Thiel, 49 fréier Menster Schoulkomerodinnen- a Komerode vun de Jaargäng 1933 bis 1960 zu hirem traditionelle Konveniat zesummefonnt.

Ugefaangen hunn se den Dag an der ‚aler Scheier, zu Betzder, mat engem gudde Pättchen, offréiert vun der Gemeng Betzder, a schéi war et dass den Här Buergermeeschter Marc Ries sech Zaït geholl hat fir d‘Gäscht ze begréissen.

Déi ,al Scheier, ass en Deel vun engem Bauerenhaff matten am Duerf, gebaut 1878 a classéiert als ,monument historique,; d‘Gemeng Betzder huet se kaaft an ëmfunktionéiert an e Gebai wat fir kulturell Gelee‘enheete ka genotzt gin; dobaï ass ganz vill Wært drop geluecht gin, fir den historesche Charakter ze erhalen.

Bei engem gudde Maufel am Restaurant du Château zu Betzder gouf vill gelaacht a gegeckst, an a gudder Ambiance si flott Anekdoten aus der onvergiesslecher Jugend- a Schoulzaït nees opgefrëscht ginn.

Di obligatoresch Gruppefoto huet ise Komerod Rob Schiltz gemaach a mat vill Engagement huet hien de ganzen Dag iwwer derfir gesuergt, dass jiddereen eng Foto-Galerie als Souvenir kritt huet.

—————-

Weitere Neuigkeiten von Robert Schiltz >