Ouerespëtzer

13
Feb
2020
13 Feb

DO, 13.2.2020 / 15.00 Auer

Eng Erzielstonn mam Betsy Dentzer fir Kanner vu 5 Joer un.
Déi lescht Saison ass d'Ouerespëtzer-Këscht schon déi drëtte Kéier am Cube opgaang.
No enger Rees duerch Italien, engem Besuch am Taiwan bei enger Flou an enger Laus an engem Openthalt a Portugal bei engem plakege Jippelchen ass d'Këscht nees prett fir opzegoen: déi neitste Geschichte leie scho prett a waarden nëmmen drop, an déi gutt gespëtzten Oueren ze klammen! Et gëtt spannend, vläit mol nodenklech, mat enger winzeger Portioun Trauregkeet, mee dofir enger groußer Duebelportioun Gekickels a Gegrins!


Erwuessener 2 € Cube Card 2 € < 26 Joer 2 €
Reservéierung: + 352 521 521 / info@cube521.lu