Ee ganz neie Standard fir d’Fach „Sciences naturelles“ setzt d’Grondschoul vu Mamer mat hirem neie Sciences-Salle „Vivarium“. D’Schüler um Schoulcampus Kinneksbond kréien un Hand vu liewegen Exemplaren d’Schéinheet, d'Vilfalt, d'Verhalen an d’Cleverness vun der Déierewelt gewisen. An den Terrarie sinn zum Beispill eng afrikanesch Kinneksputon, eng mexikanesch Kinneksnatter a verschidde Vugelspanne ze bewonneren. Eng Gefor fir d’Kanner besteet net – de Prinzip vum Schoulvivarium baséiert op Erfahrungen vu Schoulen an Däitschland an deenen dës Form vun Enseignement schonns zënter laange Jore mat Succès praktizéiert gëtt.
Am Sall ass genuch Plaz fir eng gréisser Schoulklass. D’Léierpersonal ka sech fir den „Sciences“-Enseignement och am anstännege Stock servéieren. Duerch d’Lëns vun de Mikroskoper kréien d’Schüler een Abléck an all Detail vu Plommen, Schanken, Hoer asw.
D’Schoulmeeschtere Guy Lepage an Gast Weydert sinn net nëmme responsabel fir d’Zesummestellung vun dësem a Lëtzebuerg eenzegaartege Vivarium, mee hunn doniewent an zirka 18 Méint eng faszinant Dokumentatioun op 160 Säiten zesummegestallt. „Natur fir unzepaken“ ass dëst Handbuch fir „Léiergäng an d’Natur“, „Bëscherliefnisspiller“ an „Workshops“ iwwerschriwwen. Fachmännesch Ënnerstëtzung kruten di 2 Enseignanten dobäi vun de lokale Bannhidder Patrick Konz a Fierschter Fabrice Reuland.
De Buergermeeschter Gilles Roth a seng zwee Schäffe Roger Negri a Marcel Schmit hu sech et net huele gelooss, fir sech bei der Rentrée ee Bild vum Schoulvivarium a sengen Awunner ze machen. Bei der Visite krute si vum Guy Lepage a Gast Weydert een drockfrëschen Exemplaire vum „Natur fir unzepaken“. All Titulaire de classe huet esou ee Léierbuch fir ze schaffe kritt.
Wann d’Titulairë wëlle kënne si hire Schüler d’Sciences naturelles vun elo un op 3 Weeër méi no bréngen : 1.) an der Theorie mam Buch, dat fir dee Cycle virgesinn ass plus d’Léierbuch „Natur fir unzepaken“, 2.) an der Praxis am Schoulvivarium wou di zwee Aquarium- a Vivarium-Pionéier Lepage&Weydert exotesch Déieren erklären an 3.) nach emol an der Praxis mam engem pädagogeschen Tour duerch de Bësch an iwwert d’Gewan – dobäi ginn de Fierschter an de Bannhidder praktesch Informatiounen z.B. iwwer Wëllschwäin, Fiiss, Vigel an de Kreeslaf vun de Nährstoffer.
D’Enseignantë Guy Lepage an Gast Weydert si grad am gaangen d’Konzept fir een „Insektenhotel“ niewent dem Schoulgaart opzeriichten. Dobäi gëtt sech un engem ähnleche Projet an der Gemeng Ell inspiréiert. D’Iddie fir ee sënnvollen a praxisorientéierten Enseignement ginn zu Mamer wéi ee gesäit net aus.
Eng kleng Presentatioun vum Schoulvivarium kenne sech Intresséierter och op VivariumTV ukucken. De youtube-Link steet hei hannendrun. Geplangt ass – natierlech nees eng Eegeproduktioun Lepage&Weydert – all Mount ee neie Film.