Et héiert een oft soen eis Sprooch sténg op wackelege Féiss, an eis schéin al Bräicher géiwen lues a lues verschwannen, duerfir ass et wichteg eppes dogéint ze ënnerhuelen !
Eng wichteg Hëllef fir eis Sprooch ze retten sinn eis Lëtzebuerger Lidder.
Jo net all Mënsch ass Sänger, ma vill sinn et an anerer héieren et gäer.
Nom Motto: „Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen!“ hunn ech seit laange Joren een Archiv vun 4700 Wierker (Wierder an Nouten) opgebaut, do fënnd ee wierklech vun allem. Iwwer eist Land mat senge Géigenden an Dierfer. Iwwer seng Geschicht a Kultur, Beruffer, Fester a Bräich. Iwwer bedeitend Leit an hiert Wierken an nach villes méi !
Duerch déi grouss Nofro mierken ech dass déi Lidder nach gefrot sinn a siew et och aus Nostalgie. Wann dir ee Lidd sicht kann ech gäeren mat deem Archiv hëllefen.
Eis Lidder liwweren nom Sangen, ee Gespréichsstoff, wou jiddereen matschwätze kann an deemno ongezwongen an op eng lëschteg Art a Weis an d’Sprooch mat agebonne gëtt. Och an de Schoulen wou ëmmer méi friem-sproocheg Kanner untrieden, wier dat eng flott Hëllef, well Kannerlidder gëtt et och esëllechen a fir all Alter. Esou léieren eis Kanner a Kandskanner eis Bräich vu fréier a kënnen da mat der Bomi an dem Bopi matschwätzen.
Fir all wieder Info : jeankandel@pt.lu – 621 665 212
95 däer, scho bal vergiesse Lidder, déi bis elo nach a kenge Bicher ze fanne woaren, hunn ech an 2 Bänn zesummegefaasst fir dee Kulturschaz ze retten !
Well ech ëmmer méi Spaass mat deene flotte Lidder krut, hunn ech dun och ugefaangen der selwer ze schreiwen. Och do geet et ëm vill Interessantes wat een esou am alldag héiert, geséit an erlieft. Am drëtte Band sinn 23 däer Lidder-Partituren an nach 30 Gedichter fir äer lëschteg Momenter.
Hëlleft eis Sprooch retten an hir dee verdéngten kulturelle Wäert zeerhalen.