1monthfree

Am Home Pour Personnes Agées zu Mamer ass gefeiert ginn

Gebuertsdagsfeier


Am Home Pour Personnes Âgées Mamer ass gefeiert ginn.

Rezent goufen am Home Pour Personnes Agées zu Mamer bei der grousser Gebuertsdagsfeier déi Bewunner geéiert, déi am Oktober, November, Dezember an Januar Gebuertsdag haten. D’ Direktioun huet den Gebuertsdagskanner hir beschten Gléckwënsch ausgedréckt. Mat flotter Danzmusek huet den Rol Girres den ganzen Owend fir gudd Stëmmung gesuergt, an d‘ Bewunner konnten mat hire Famillje bis an den Owend eran feieren, deen schlussendlech mat engem gudde Maufel an engem Stéck Kuch op en Enn gaangen ass.

Mat engem flotten Kaddo sinn follgend Bewunner geéiert ginn:

Mme Koenig-Hermann Anne 77, Mr Theves Paul 80, Mme Schonckert-Biwer Nelly 86,

Mme Andring-Brücks Nicole 87, Mme Espen-Gengler Susanne 87,

Mme Mousel-Letsch Madeleine 88, Mme Schmit-Hiltgen Marie-Josée 89,

Mme Schmitz-Zover Marguerite 90, Mr Lebrun Georges 90,

Mme Gausché-Hosch Marie-Josée 91, Mme Binsfeld-Medernach Bernadette 91,

Mme Schmit Irène 91, Mr Hermann Alfred 92, Mr Thommes Eugène 93,

Mme Gilson-Reiter Margot 94, Mme Hoffelt Agnes 95