2. Konveniat vum Joergang 1972 vu Mamer-Holzem a Capellen

De 5. Oktober 2024 hunn sech Meedercher a Jonge mat hirem Léierpersonal zu Mamer um Kinneksbond getraff, fir op gemeinsam Schoulzäit aus der Gemeng zréck ze kucken.


No der Begréissung vum Buergermeeschter Luc Feller an dem Schäffe Roger Negri hunn si eis duerch den neien Deel vum Kinneksbond begleet. Mir sinn duerch déi nei Museksschoul, eriwwer an Schwämm gaangen, wou mir vum Schwammmeeschter empfaange goufen. Zum Schluss stoung nach eng kuerz Visite vun der Maison Relais a vun der Grondschoul um Programm mat uschléissend engem Éierewäin, offréiert vun der Gemeng Mamer, am Festsall vun der Schoul.


E grousse Merci un si fir déi schéi Visite an den Éierewäin, an dem Organisatiounscomité fir hir ganz Arbecht.


Den Dag hunn déi fréier Schoulkomeroden an hiert Léierpersonal bei engem gudden Owendiessen ausklénge gelooss.


Vill Spiichten a Geschichte sinn nees an Erënnerung geruff ginn.