Friddlech a gemittlech
D‘Amicale des Anciens de Saint-Paul Luxembourg soutz fir d’Generalversammlung zesummen
Friddlech a gemittlech gung Mëtt Mäerz an der Brasserie-Restaurant Poiré um Sennengerbierg d’46. Generalversammlung vun der „Amicale des Anciens de Saint-Paul Luxembourg“ iwwer d’Bühn. Trotzdem: d’Zuel vun de Membere geet vu Jor zu Jor zréck, an de Comité sich ëmmer nach no Verstäerkung.
De President Jean-Paul Schneider huet 30 Persoune begréisse kënnen. Séier koum hien derzou, un déi zulescht verstuerwe Memberen z’erënneren a fir si eng Gedenkminutt anzeleeën. Positiv dann: dräi nei Membere konnten zanter der leschter Joresversammlung opgeholl ginn.
Aus den administrative Berichter sief festgehal, datt 102 Memberen den Ament agedroe sinn, fënnef manner wéi virun zwielef Méint. Mä et sti leider nach en etlech 2025er Cotisatiounen aus. D’finanziell Situatioun geet nach duer, mä och do weist den Trend no ënnen.
De President huet kuerz op d‘Haaptaktivitéiten vun 2024 zréckgekuckt, an zwar am Juni e guidéierten Trëppeltuur duerch d’Alstad an ugangs Oktober d’Journée 2024 a Form vun enger kulinarescher Rees mam MS Princesse Marie-Astrid iwwer d‘Musel. Et gouf guernäischt auszesetzen, ganz am Géigendeel.
Dëst Joer stinn um Programm, uganks Juni am Kader vun der LUGA e gefouerte Besuch am Park Kinnekswiss an de leschte September-Samschdeg d’traditionell Journée, dës Kéier an engem „schéine Restaurant“ mat entspriechendem Festmenü. - D’veräinsintern Newsletter soll och dëst Joer zweemol erauskommen, allerdéngs mat engem e bësse méi „liewegen“ Inhalt.
No der Versammlung, déi eng knapps Stëndche gedauert hat, huet de Comité de Memberen en Iesse (Geméisbritt, Ham-Fritten-Zalot, Glace) offréiert. Dobäi gouf et räichlech Geleeënheet, fir a gemittlecher Ronn op d’gemeinsam Aerbechtszäit an der Bourbon-Strooss an an de Gasprecher Wisen zréckzekucken.