No en etlech Basisformatiounen an der Aromafleeg ass séier beschloss ginn, e puer Mataarbechter zu Aromaexperten ausbilden ze loossen. Den 30. Juni war et dann esou wäit: no 2 Joer reegelméissege Couren, dem Schreiwe vun enger Fachaarbecht, sinn déi 10 op Häerz an Nire gepréift ginn: jiddereen huet den Exame gepackt!
De Certificat ass bei engem Patt feierlech vun der Brigitte Hemmer vun Origo an dem Diane Mersch an Isabelle Weyrich vun Aromalife Lëtzebuerg un déi frësch gebaken Aromaexperten iwwerreecht ginn.
Ënner Aromafleeg versteet een de professionellen Asaatz vun äthereschen Ueleger, fetten Ueleger an Hydrolater an der professioneller Fleeg, am privaten Ëmfeld sowéi am Schéinheets- a Wellnessberäich. D’Aromafleeg an der Fondation Pescatore soll zu enger Steigerung vum Wuelbefanne souwéi vun der Liewensqualitéit vun de Bewunner bäidroen.
Op der Foto vu lénks no riets:
Nuno Ferreira, Monique Sauerwein, Kevin Kler, Cynthia Lux, Isabelle Weyrich, Simone Zeimetz, Tammy Fonck, Florence Marth, Céline Correia, Carol Zimmer, Jessica Schwarz, Diane Mersch, Brigitte Hemmer