Panorama vun der Stad a fréierer Bundesfestung Lëtzebuerg no 1890
Dësen zirka 2 Meter laange Panorama gouf no der Natur, ale Lithographien a Pläng zesummegestallt a gezeechent. Vum Standpunkt aus gesinn ass et eng Vue ronderëm Stad an Ëmgéigend aus dem Tuerm vun der Kathedral virum Joer 1867, also zu där Zäit, wou ons Stad nach eng bommefest Bundesfestung wor.
De Michel Engels huet eng fir Lëtzebuerg nei Perspektiv mat historesche Rekonstruktioune kombinéiert, wou ee konnt an déi jéngste Vergaangenheet zeréckkucken. Den Intressi um Zoustand vun der Stad virun der Schläifung beweist, wéi staark den Ëmbroch vun der Festungstad zur oppener Stad an den onmëttelbare folgende Joerzéngten ëmfonnt gouf.
De Comité Alstad kann iech elo e Faksimilé vun dësem Panorama ubidden.
Bestelle kann een dëse schéine Panorama vun elo u bis de 15. Dezember 2024 beim Comité Alstad duerch Iwwerweise vu 30,00 € op onse Kont bei der Spuerkeess IBAN LU64 0019 1755 0897 0000.
De Panorama gëtt iech nach virun de Feierdeeg vum Joeresenn um Postwee op är Adress heemgeschéckt.
De Panorama huet d’Format 600 x 263 mm, gedréckt op Conqueror velin 200 gr., couleur ivoire.
En ideale Cadeau fir déi kommend Feierdeeg.
De Panorama gouf ons frëndlecherweis vum Här Jean Hoss zur Verfügung gestallt. De Cliché krute mer vum Luxembourg City Museum.
Quellen:
Fecit. W: Callot – © 2022 Lëtzebuerg City Museum (Gilles Genot, Änder Bruns)