3 Péckvillercher fir déi dësjäreg Éimaischen
Fir déi dësjäreg Éimaischen hu mir 3 flott a schéi Péckvillercher fir iech. Mir proposéieren als éischt onse Péckvillchen CA’25 an den traditionelle Faarwen orange a blo vum Comité Alstad.
De Péckvillchen CA’25 gouf an den Atelierë vun der Ligue HMC op der Cap produzéiert mat enger Oplo vun nëmmen 120 Stéck. De Péckvillchen CA’25 kascht 25,00 €.
Bestelle kann een de Péckvillchen CA‘25 bis den 10. Abrëll 2025 beim Comité Alstad duerch Iwwerweise vun der entspriechender Zomm op de Kont bei der Spuerkees: IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 mam Vermierk „Péckvillchen CA’25“.
An och dëst Joer bidde mit iech e Péckvillchen un, deen zu Gonschte vun Télévie verkaf gëtt.
Och dëse Péckvillchen, (120 Stéck), gouf op der Cap vun der Ligue HMC hiergestallt a kascht 35,00 €. Bestelle kann een de Péckvillchen Télévie‘25 bis den 10. Abrëll 2025 beim Comité Alstad duerch Iwwerweise vun der entspriechender Zomm op de Kont bei der Spuerkees: IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 mam Vermierk „Péckvillchen Télévie’25“.
De Péckvillchen « 30 Joer Lëtzebuerg – Alstad a Festung – Patrimoine Mondial » gouf entworf vun der Madame Sandra Pereira no enger Zeechnung vum Michel Engels, a réaliséiert an hirem Atelier Xanna Faia Ceramics zu Useldeng. Vun dësem Péckvillchen ginn et och just 120 Stéck. Dee Péckvillchen kascht 40,00 €.Bestelle kann een de Péckvillchen « 30 Joer Lëtzebuerg – Alstad a Festung – Patrimoine Mondial » bis den 10. Abrëll 2025 beim Comité Alstad duerch Iwwerweise vun der entspriechender Zomm op de Kont bei der Spuerkees IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 mam Vermierk „Péckvillchen Patrimoine Mondial“. All Péckvillchen ass nummeréiert an huet en ënnerschriwwenen Zertifikat vun der Madame Sandra Pereira.
Ofhuele kann ee seng bestallte Péckvillercher Ouschterméindeg, den 21. Abrëll 2025 op der Éimaischen um Stand vum Comité Alstad (um Rouscht hannert dem Palais) vun 09:00 Auer un bis 17:00 Auer). Wien awer net kann op d’Éimaische kommen, dee ka seng Bestellung am Büro vum Comité Alstad ofhuelen um N° 14 an der Siegfridstrooss (vis-à-vis vum Staatsrot) vun Dënschdes, den 22. Abrëll bis Freides, den 25. Abrëll 2025.