„Cinematic Crescendo“ an der Philharmonie

E besonnesche Concert vun der Militärmusek mat Filmmusek


Lëtzebuerg. Am groussen Auditoire vun der Philharmonie hat d’A.s.b.l. « d’Frënn vun der Militärmusek“ e besonnesche Concert organiséiert, deen engersäits de Museker ënnert der Leedung vum Lieutenant-Colonel Jean-Claude Braun vill Satisfactioun ginn huet an anerersäits och utt beim Publikum ukomm ass.

Um Programm stoungen nëmme Wierker vu Komponisten, déi sech en Numm an der Filmwelt gemat hunn.

Den Optakt gouf mat der Fanfare aus „Kings Row“ vum Erich Korngold gemat. Eng Extranummer war dem Oscar Navarro seng Fantaisie „The Musketeers“ fir Klarinettequartett mat de Soliste Romy Werner, Thierry Majerus, Kati Pickar a Magaly Ferreira. De weltbekannten an erfollegräichsten amerikanische Filmkomponist an Oscar-a Grammy-Gewënner John Williams, deen ënner anerem mat de Regisseuren Steven Spielberg, George Lucas an Alfred Hitchcock zesumme geschafft huet, koum gläich mat véier vu senge Wierker zu Éieren. Et waren dat Auszich aus „Close Encounters of the Third Kind“, „Dartmoor 1912“ aus „War Horse”, Highlights aus „Jurassic Park“ an „Adventures of Mutt”. Net manner berühmt ass den däitsch-amerikanesche Komponist a Museksproduzent Hans Zimmer, aus deem senger Musek fir de Thriller „The Rock“ d’Militärmusek d’Highlights gespillt huet. Weider Stécker um Programm waren:. „Anno 1705“vum Pierre Langer an Tilman Sillescu, “Batman” vum Danny a Price Elfman, “Robin Hood – Prince of Thieves” vum Michael Kamen an „Those magnificient men in their flying machines” vum Ron Goodwin.

Zum Schluss vum Concert, fir deen sech déi ronn 800 Visiteure mat enger „Standing Ovation“ bedankt hunn, huet de Josy Lorent, President vun de „Frënn vun der Militärmusek”, allen aktiv Bedeelegte Merci gesot an e Cadeau respektiv Blummen un den Dirigent Jean-Claude Braun, d’Soliste Romy Werner, Thierry Majerus, Kati Pickar a Magaly Ferreira, d’Présentatrice Vanessa Lommer an un den Éieregenerol Gaston Reinig iwwereeche geloos, deen als “Special Guest” dëse Concert als Klarinettist matgespillt huet.

Fir de 5. Oktober 2024 steet mat deem vun der Arméi organiséierte Concert „Broadway Sings - From the Classics to Today’s Musicals” an der Philharmonie e weidert Highlight mat der Militärmusek um Programm.