D’Stad a Lampertsbierger Musek huet den 28. Februar 2025 op hir ausseruerdentlech an uerdentlech Generalversammlung invitéiert.
No der Begréissung vum President André Hever goufen déi iwwerschafft Statuten eestëmmeg ugeholl fir déi nei Gesetzgebung ze respektéieren. De Sekretär Christian Block huet den Aktivitéitsbericht vum Joer 2024 virgestallt, den Tresorier Joachim Block huet e positive Bilan vun der finanzieller Situatioun vum Veräin gemaach.
D'Revisoren Norbert Brausch an Armand Engling hunn dem Tresorier Entlaaschtung ginn.
De Kommitee setzt sech follgendermoossen zesummen: Christian Block, Joachim Block, Carine Hauswirth, André Hever, Pierre Langehegermann, Sam Martins, Anne Muller a Laurent Schmit.
No der Presentatioun vun de geplangten Aktivitéite fir 2025 an dem Budget sinn eng Rei Museker fir hire laangjäregen Asaz geéiert ginn. Am Numm vun der UGDA huet d’Madamm Manuela Wiseler no enger klenger Usprooch follgend Medailen iwwerreecht:
• 5 Joer: Hannah Block, Alex Engling an Amalia King
• 30 Joer: Carine Hauswirth, André Hever an Urbain Hever
• 40 Joer: Christian Block
• 50 Joer: Solange Redondo
• 60 Joer: Jeannot Wolff
De Sekretär vun der USMVL, den Här Emile Hermes, krut uschléissend d’Wuert an huet follgend Museker a Musekerinne fir hiren Asaz geéiert:
• 10 Joer: Anne Muller a Felix Pauly
• 15 Joer: Philippe Brausch, Emma Lily Karier a Lucien Pauly
• 25 Joer: Alban Birch
• 55 Joer: Joachim Block a Roger Braun
No enger fräier Diskussioun ass den Owend bei engem Patt a Maufel gemittlech ausklénge gelooss ginn.