Aweiung vun engem Gedenksteen um südlechste Punkt vun der Ardennenoffensiv
um weitere Bilder zu sehen.
D’Gemeng Rouspert-Mompech huet am Kader vun der Commemoratioun „80 Joer Ardennenoffensiv” un déi schrecklech Zäit vun der Nazi-Occupatioun erënnert an un all déi Leit geduecht, déi deemools hiert Liewe fir eis Fräiheet hu misse loossen. Am Fokus vun de Gedenkfeiere, déi an Zesummenaarbecht mam CEBA („Cercle d’études de la Bataille des Ardennes”) organiséiert goufen, stoung dëst Joer speziell Léilien (Lilien).
Léilien, tëschent Hierber a Bech geleeën, gëllt als südlechste Punkt vun der Ardennenoffensiv a läit ronn 100 Kilometer vum nërdlechste Punkt vun der Offensiv bei Monschau ewech.
Dëser Deeg gouf hei a Presenz vum Innenminister Léon Gloden a vun den Deputéierten Octavie Modert, Stéphanie Weydert, Alexandra Schoos a Ricardo Marques e Gedenksteen ageweit, deen op dëse markante Punkt vum „Battle of the Bulge” hiweist. Den CEBA-President Erny Kohn huet a senger Usprooch duergeluecht, wéi den 18. Dezember 1944 de Virstouss vun Unitéite vun der 212. Volksgrenadierdivision vun der Wehrmacht op dëser Plaz mat vill Asaz a Courage vun den Zaldote vun der 4. US-Infanteriedivisioun (Cannon Company / 12. Regiment) no schwéiere Gefechter ofgewiert konnt ginn.
Um Panneau niewent dem Gedenkstee kann een interessant Eenzelheeten zu dëser Episod vun der Ardennenoffensiv noliesen. De Schäffe Patrick Hierthès huet erkläert, datt dëst den éischte Panneau ass vun engem „Sentier commémoratif” ënnert dem Motto „Mir erënneren eis”. D’Iddi ass et, dëse Sentier auszebauen an datt an all Duerf vun der Gemeng Rouspert-Mompech e Panneau stoe kënnt, deen eng Thematik vun der Zäit tëschen 1939 an 1946 beliicht.