Gala Concert 'Fancy Dreams' vun der Leidelenger Musek

De Galaconcert ënnert dem Motto “Fancy Dreams” am Centre Culturel an der Eech zu Leideleng konnt als Epic Event bezeechent ginn. Um 4. Mee 2024 waren iwwer 400 Spectateuren dobäi an déi si voll ob hie Këschte komm.

Ugefaange mat engem flotte musikalesche Programm ënnert der Direktioun vum Hélène Stelandre fir d’Jugendmusek Crescendi mat 28 Musikanten, an dem Jean-Marie Grimler fir de groussen Orchester mat 60 Musikanten hannert dem Pult. Alice in Wonderland, Willy Wonka, Lord of the Rings, Epic Overture, 80 Days around the World, Mystery of Atlantis, Winged Stallion an Harry Potter hunn eis virun der Paus an eng mystesch Stëmmung versat.

Mat Star Wars, e Must um StarwarsDay, am Soaring with John Williams, gong et am zweeten Deel lass, bevir d'Videowelt mat hirer fantastescher Musek aus Legend of Zela, Epic Gaming Themes an Super Mario Bros d'Ouere verwinnt huet. Onse groussaartege Publikum ass natierlech mat zwou Zugabe belount ginn. Fir de Jean-Marie Grimler gouf et e flotte Cadeau fir säin 10. Galaconcert um Direktiounspult.

A fir des Dramwelt aus Fantasy, Science Fiction a Videospiller am Sall opkommen ze loosse war deen entspriechend dekoréiert ginn, wéi zb. mat 180 Käerzen beim Harry Potter a selbstverständlech krut jidderee säi Schnatz.

Duerch de Concert hunn Diane Schwickerath an de Guy Grosber an enger Mongolfière geféiert, an d'Presentioun um groussen Ecran war einfach immens.

E grousse Merci un d'Gemeng Leideleng, un all Sponsoren, an un all déi virun an hannert der Bün.

Weider Infoen a Fotoe vum Event an ons weider Concerten op www.leidelengermusek.lu !