Besuch aus Amerika

Méindes de 24. Juni 2024 krute Käerch a Giewel Besuch aus Amerika an der Persoun vun enger Nokommen vun enger Auswandererfamill vu Giewel aus der Mëtt vum 19. Joerhonnert. D’Starla SHOLL a hir Fra d’Debby BURKHART wollten am Kader vun hirer Lëtzebuerg Rees entdecken, vu wou aus hir Virfaren mam Numm LECHER ausgewandert sinn.

Dee klenge Grupp huet sech fir d’éischt eis wonnerschéin Barockkierch mam Kierfent ronderëm ugekuckt. D’Marie-Paule GLEIS huet hinnen Erklärunge ginn zur Kierch a wierklech beandrockt wor de Besuch vum Altor, dien aus Holz gemaach ginn ass a net aus Marmer, wéi si gemengt haten. Duerno hunn si och dierften hannert den Altor luusse goen, wou nach méi detailléiert Froe gestallt goufen. Begeeschtert waren si och vum Dafsteen, wou hir Virfaren dra gedeeft gi waren.

Nomëttes kruten si dunn hiert Virfarenhaus zu Giewel gewisen. Si ware voll begeeschtert, datt d’Haus vum Ur-Ur-Urgrouspapp LECHER nach besteet. Dien heitege Proprietär huet sech et och net huele gelooss fir d’Gäscht aus Amerika duerch d’Haus ze féieren. Dofir him e ganz grousse MERCI! Ganz vill Wäert gouf bei der Restauréierung op di historesch Bausubstanz geluet.

Et handelt sech ëm d’Haus “a Schiilz“ 3, chemin de la Chapelle, Kaleschgaass genannt, zu Giewel. Vun hei aus sinn de Michel LECHER a séng Fra Anna RIES mat hire 7 Kanner op Belgium, Wisconsin, ausgewandert. De 4. Mäerz 1852 verkafe si hiert Haus „a Schiilz“ un de Mathias SIMON an d’Marie KNOBES vun Habscht. (cf. Anlux, Notaire J.Cl. HEMMER, Koerich). A schonns e puer Méint méi spéit koum d‘Famill zu New York un, laut de recherche vum Starla an Debby, an zwar de 15. Juli 1852. De Michel LECHER war de Jong vum Jean-Michel LAECHER, dee Bauer zu Giewel „a Schiilz“ war. De Jean-Michel LAECHER as zu Bruch op d’Welt komm an hat sech mat der Suzanne GOERENS bestuet. D’Anna RIES war 1803 zu Käerch gebuer an zwar am Haus „a Risen“ an der Buedefäeltgen.

D’Starla an d’Debby kruten och déi aner Haiser gewisen, wou déi verschidde LECHER-Kopple gewunnt hunn a vu wou och verschiddener iwwert de Pull gereest si fir hirt Glëck doiwwer ze sichen.

D’Claudine KEMP-CLOOS hat eise Gäscht frëndlecherweis d’Kapell zu Giewel opgemeet, esou datt si sech an d’Zäit zréck versetze konnten, wéi hir Virfaren an der klenger Kapellchen souzen a gebiet hunn, dass si gutt an der Neier Welt sollten ukommen.

Begleet ware si vum Viviane HEINEN, déi als Chauffeur engagéiert war, fir “eis” Amerikanerinnen de ganzen Dag um Family-Day iwwer ze begleeden am Kader vum Kevin WESTER senge „Luxembourg Adventure Tours“.

Georgette Schmit

Fotoen :

1) Virum Daafsten

2) Hannert dem Altor

3) Schiilzhaus zu Giewel

4) Debby BURKHART, Patrick REISCHL a Starla SHOLL virum Schiilzhaus zu Giewel