Gebuertsdagsfeier bei SERVIOR « Beim Klouschter » Houwald

Um Houwald am Haus SERVIOR «Beim Klouschter» gouf Gebuertsdag gefeiert.

D’Amicale hat all déi Bewunner invitéiert,déi an de Méint Mee, Juni, Juli an August

op d’Welt komm sinn.

D’Presidentin vun der Amicale huet d‘Invitéeën begréisst an zesumme mat de Familljen

gouf gewënscht mat Crémant an engem grousse Gebuertsdagskuch.

D’Memberen vun der Amicale hunn de Jubilaren e Kaddo iwwerreecht an ënnerstëtzt

vun dem Musikant Marc Linden «Happy Birthday» gesongen.

Bei flotter Musek a gudder Laun hunn d’Invitéeën e schéinen Nomëtteg verbruecht.