Traditionell hat d'Fanfare "La Réunion" Hueschtert op hire Concert de Bienfaisance invitéiert. Den Dirigent Hans-Karl DAUS huet dese Concert fir d'éischt dirigéiert a konnt de Publikum iwwerzeegen. An der Paus gouf eng Collecte fir d'Associatioun "Pour une parenthèse" gemaach. Nom Concert waren d'Nolauschterer alleguer an de Centre associatif invitéiert wou et en Éierepatt, offréiert vun der Gemeng Nidderaanwe, gouf. D'Präsidentin Jeanne WAGNER huet, zesumme matt Vertrieder vum Comité e Scheck iwwer 2500 € un d'Associatioun kennen iwwerreechen.