D’Äischdall-Leefer iwwerreechen 3 Schecken

03
Mai
2024
03 Mai

An der järlecher Generalversammlung vun der ASBL Äischdall-Leefer war de President Dan Mathekowitsch houfreg, 3 Schecke vu jeeweils 2.250.- Euro un den OMEGA 90, ANIMA PRO TERRA an den Déierenasyl Diddeleng ze iwwerreechen.

Et war den Erléis vun der 1. Editioun vum Habschter Charity Walk & Run de 25. Februar 2024. Eng Aktivitéit ënnert dem Moto “Verbrenn däi Speck fir de gudden Zweck" , wou een och säin Hond huet dierfe mathuelen.

De Club Äischdall-Leefer, dee scho fir säin "Aischdall Trail" bekannt ass, deen all Joer de 15. August organiséiert gëtt, wäert elo zousätzlech och am Wanter eng Laf-Wanderung mat Muppen organiséieren, an den Erléis gëtt natierlech fir sozial oder karitativ Organisatioune gespent.

A senger Usproch huet de President all deene Leit Merci gesot déi gehollef hunn, an esou zu dësem Erfolleg bäigedroen hunn. Ouni Benevolat wier et net méiglech, sou en Event op d’Been ze stellen.