Ofschloss vun der Ausbildung 2024 fir Baby-Sitter an der Gemeng Hesper

De 6. Juli huet de "Baby-Sitting an der Gemeng Hesper a.s.b.l." eng Ausbildung fir Baby-Sitter organiséiert. 11 nei Baby-Sitter goufe forméiert a kruten den Ëmgang mat Babyen a Kanner, Spiller, Virliesen, Sécherheet, Organisatioun a soss alles wat e gudde Baby-Sitter wësse muss bäibruecht. Um Enn vum Dag konnte mir alle Kandidaten en Diplom als Baby-Sitter iwwerreechen. Si stinn ab elo op eiser Baby-Sitter-Lëscht.

Wann Dir e Baby-Sitter braucht, da kënnt Dir Iech op eiser Internetsäit http://hesper-kanner.lu informéieren an eis kontaktéieren.

Weitere Neuigkeiten von Baby-Sitting an der Gemeng Hesper a.s.b.l. >