Tessy an de Jeannot goufen iwwerrascht

Kierzlech hunn Membere vun der Chorale Ste Cécile Hemstal-Biwer, souwéi hier Frënn an Pastoralteam, dem Tessy an dem Jeannot Hau-Thomé vun Hemstal eng kleng Iwwerraschung gemaach.

Jo et kann ee soen, déi war gegléckt. No enger Ried vum Axel Hempel, der Buergermeeschtesch Jil Goeres an dem Iwwereeche vun hierer neier Bänk an hirem neien Dësch, goung et dunn an de Proufsall, wou schonn alles virbereet war a wou bei engem gudde Maufel an engem sëffege Pättche gefeiert an den Owend ausklénge gelooss gouf.

Sie kruten ee grousse Merci gesot, fir all déi vill Aarbecht déi si zanter Joerzéngte fir de Veräin leeschten.

Tessy 50 Joer an de Jeannot 60 Joer am Déngscht vum Gesank, vun der Kierch, vun de Matbierger, a virun allem vun de Membere vum Gesank.

Ni hunn si ee Merci erwaart, sief et beim op an ofriichte vun de sëlleche Fester an de Prouwen, sief et beim Kachen a Spullen, d'Nouten erausleeën, Kees um kklappen ze halen, Rieden ze schmäissen, awer och fir ee Pättchen an ee gutt Wuert ze soen.

Ee grousse Merci och all deene Leit, déi dozou bäigedroen hunn, dass mir eis zwee Bescht konnten iwwerraschen.

Merci dir Zwee, mir wënschen iech vill Freed matt äerer neier B!ank an äerem neien Dësch.
Fir de Chouer Nicole Koob-Engeldinger