Grouss Feierlechkeeten vun 550 Joer Helzer Klaus

Um Helzer Kirmessonnden am Mount Juli, och Klauserdag genannt sinn déi grouss Feierlechkeeten fir déi 550 Joer Helzer Klaus gefeiert ginn. Mat enger Sakramentsprossioun, hunn Moies mat Départ bei der Helzer Kierch bis an d'Klaus ugefang. D'Wëntger Musik huet d'Prossioun musikalech enkadréiert.

Virun der Klaus huet eng Pontifikalmass mat Seenung vun der Quell zum seligen Bronn stattfond. Zelebréiert huet dëss Mass den Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg. Gesanglech verschéinert hat d'Chorale réunie aus der Par Wëntger.

Uschléissend war eng Réceptioun mat Concert-Apéritif vun der Jugendgrupp vun der Wëntger Musik. Dono ass een Mëttegiessen am groussen Festzelt bei der Klaus zervéiert ginn. Och den groussen Gebuertsdagskuch duerft nët feelen.

Visite-Guidéeën an der Klaus hunn den Dag ausklenge gelooss.

Weider Feieren duerften am Jubiläumsprogramm nët feelen. Op engem Sonnden am August, woubäi vum Mount Mee bis de Mount Oktober all Sonnden um 16:00 Auer de Rousekranz an der Klaus gebied gët, gouf dono een schéinen Gesangsconcert vum Laura Schmit zesummen mam Charel Diederich, ënnert der Begleedung vum David Jans virgedroen.

Um Feierdag vum 15.August, dem Léiffrawëschdag huet eng Mass an der Klaus statt fond, déi musikalech vun der Chorale Béigen-Lëlljen-Stackem verschéinert gouf.

Als Ofschloss vum Jubiläumsprogramm 2024 däerf een weidere Concert an der Kierch zu Helzen nët feelen. Ënnert der Directioun vum Sandra Kringels mat Begleedung um Piano vum Franck Bovet bidd den Éisleker Gospelchouer een Concert mat flottem Gesang.