Akademësch Sëtzung vu 550 Joer Helzer Klaus

Aus Ulass vum 550.Jubiläum vun der Helzer Klaus ass viru kuerzem eng Akademësch Sëtzung an der Kierch zu Helzen ofgehale ginn. Zu den Éiregäscht hunn de Weihböschof Léo Wagener, den Abbé Martin Molitor gezielt souwéi de Buergermeschter Luss Meyers mam Schäffen a Gemengerot, an dem Députéierten Jeff Engelen.

No der offizieller Begréissung vum Carlo Toutsch, huet den Här Professer Alex Langini een interessanten Abléck an d'Geschicht iwwer den marianesche Helzer Schnëtzaltor gebueden.Uschléissend goufen dëst an dat rondrëm d'Klaus vum Abbé Henri Hamus erzielt. D'Schlusswuert war vum Abbé Lubomir Fabcin zitéiert ginn.

Fir de musikalesche Kader huet den Organist Gérard Close als Entrée op der Uergel vum J-S Bach "Liebster Jesu wir sind hier", vum J-A Reineken "Fuga sol-min" souwéi "O Mamm léif Mamm " Thèmes & 5 versets vum Jos Kinzé, an als Sortie "Prélude et fugue mi mineur" vum J-S Bach virgedroen.

Am Barteshaus zu Houfelt huet den Owend mat enger Agape ofgeschloss.