" KIERMES BISTRO " ZU HIELEM

17.11.2024



Traditionell hat Musek vun Hielem-Luerenzweiler op der Boufer an Hielemer Kiermes op de "Kiermes Bistro" an den Centre Culturel invitéiert. Um Menü stoungen eng gutt Kiermeszopp an duerno hat een d'Auswiel tëschent enger Paschtéitchen oder Ham , Fritten an Zalot. Och fir gutt Desserte war gesuergt. Bei enger Tombola konnt een flott Präisser gewannen.Am Nomëtteg ass nach Kaffi a Kuch zerwéiert ginn.


Foto: Steyer - Fonck Alice