Och dëst Joer hunn d’Frënn vun der Lee, de Musée de l’Ardoise an d’Gemeng Rammerech zesummen hiren traditionelle Chrëschtmaart den 29ten an 30ten November organiséiert.
Ronn 2600 Visiteuren hunn un dësem äisege Weekend de Wee op Uewermaartel fonnt, fir gemittlech an d’Chrëschtzäit ze starten. Em déi 70 wanterlech Verkafsstänn, Virféierungen an der Schmëtt, Musik an Zauberei hunn déi fréier Schifergrouwen a Chrëschtstëmmung versat. Wärend dem Chrëschtmaart konnt een och vum Musée senge verlängerten Ëffnungszäite profitéieren an den ënnerierdesche Parcours bis 21:00 Auer entdecken.
Wéi all Joer, wäert och 2025 de Chrëschtmaart am Schiefermusée um lëschte Weekend am November stattfannen.