1monthfree

Second Hand, Flou- an Hobbymoart

06
Jul
06 Jul

D´Amicale „Frёnn vun de Maacher Guiden a Scouten“ organiséiert dëst Joer erëm hire Second Hand, Flou- an Hobbymoart. De Moart fennt am Sall vum Veräinshaus – Home Jean Welter an an der Kiirchestrooss zu Maacher statt.


De Moart ass Sonndeg, de 6. Juli 2025, vun 10:00 bis 18:00 Auer an ausstelle kënne Privatleit, déi entweder Second Hand-, Floumoart- oder Hobbyartikele wëlle verkafen. Mir suerge fir Iessen, Gedrénks a Super-Stëmmung.


Info an Umeldung: +352 621 725376