You can't Fly Ride Safe

De 24 August huet de Lucien Thill opgeruff a 16 Motarden hunn sech fir e gudden Zweck op e flotten Dagestour op de Wee gemaach .

Bei schéinem Wieder a gudder Ambiance goufen 850 Eur gesammelt déi den 1 Oktober bei der Ile aux Clowns am Pafendall iwwerreecht goufen .

Mir soen e grousse Merci un den Här Thill senger Famill , dem Pierrto, d’U.B.A.K.A Lëtzebuerg , Dainese Store Lëtzebuerg, Aral Statioun Dias vu Lëntgen, Camping Frënn Roude Léiw vu Miersch ,an dem P-Factory Anja & Luc.

Dësen Don erméiglecht weiderhi gratis Visitte bei kranke Kanner a Menschen an Isolatioun .