Grousse Succès fir de Furener Dag

15
Okt
2024

Viru kuerzem hu sech aktuell a fréier Awunner vu Furen zum 2. Furener Dag no 2015 getraff. Iwwer 80 Leit koumen des Kéier zesummen, wat als grousse Succès ka bezeechent ginn. Si hu vu moies 10 bis an di spéit Owesstonnen e flotten Dag matenee verbruecht, bei deem vill al a manner al Erënnerungen ausgetauscht a gemeinsam Erliewnësser opgefrëscht goufen.

No enger Mass an der Furener Kierch, gehale vum Paschtouer Fränz Muller, deen och vu Fure gebierteg as, huet d' Gemeng an de Festsall op den Aperitiv agelueden. Dobäi sinn d' Leit vunn der Buergermeeschtesch Carole Gils a vum Präsident vum Organisatiounskomitee Jhemp Karpen häerzlech wëllkomm geheescht ginn. Dono war Rendez-vous am Nopeschduerf Longsdref, wou am Restaurant Faust d'Mëttigeessen zerwéiert gouf. Do huet dann och ab 15 Auer den Duo Nathalie a Claude matt Gesang a Musik fir zousätzlich gutt Stëmmung gesuergt. Den nächste Furener Dag soll an 3 Jar ofgehal ginn. Nico Muller