D'Foulschter Theaterkäpp ënnerstëtzen "Een Häerz fir kriibskrank Kanner"


Scheck vun 2 500 Euro un den Dr. Marc Diederich weidergin

Foulscht: Ganz solidarisch mat de kriibskranke Kanner hun sech d’Foulschter Theaterkäpp“ den 19. Juli bei hirer Scheckiwerreechung beim Centre Culturel zu Fouscht, gewiesen. Wie den President Armand Klein agaangs erklärt huet, stellt dese Beitrag den Deel vum Erléis vun den Theateropféierungen vun 2023- E Faulschen Mexikaner an vun 2024- En Diva kënnt seelen eleng, duerstellt. Och huet de President drop gehaalen, fir allen Akteuren, Benevolen a Sponsoren fir hirt Engagement an hir Ënnerstëtzung villmols Merci ze soen, sou dat béid Opféierungen och e vollen Erfolleg waren. Mat sengem oprichtigem Merci, huet den Dr. Marc Diederich, de Scheck vun 2 500 Euro entgéint geholl, den der Fondatioun Een Häerz fir kriibskrank Kanner zugut könnt. Hien huet weider och erklärt, wéi di Suen och wirkungsvoll agesaat gin an dovunner jeweils 10 Prozent an d’Fuerschung géint de Kriibs hir Verwendung fanne waerten. (CR) (Foto: Charles Reiser)